IE11 is no longer supported
We do not support Internet Explorer 11 and below. Please use a different web browser.
Roberts Space Industries ®

GDB CORP / GDBCORP

  • Organization
  • Casual
  • Exclusive
  • Trading
    Trading
  • Resources
    Resources

GDB Corp as eng Lëtzebuergesch SC Community fir Trading, Mining, Bounty Hunting oder Mercenary, kann een bei eis alles sinn wat een well, et muss een just een den aneren respektéieren, an dem Sënn join and have fun. Cheers!



History

Mir schreiwen d’Joer 2950 an mir heeschen dech Wëllkomm am Verse. Hëllef eis lëtzebuergesch Geschicht an dësem epeschen Universum ze schreiwen, d’Säiten an eisem Buch sinn nach wäiss, an dëst soll net esou bleiwen, mat Star Citizen huet CIG een aussergewéinlechen Game Projet lancéiert den esou lues ufänkt Form unzehuelen.

Mir GDB Corp gesinn an dësem Spill ee grousst Potenzial fir een epeschen MMO den senges gläichen sicht.

Eis aktuell Virstellungen zum Gameplay sin net an e Steen gemeesselt, an well dëst Spill esou grouss ass, an ëmmer méi grouss gëtt mat villen verschiddenen Méiglechkeeten, bidden mir hei eng Plattform fir all Interesséierten un fir zesummen online Spaass ze hunn, eng Plattform innerhalb vun der een sech kann anbrengen, Geschicht vun GDB Corp mat ze plangen, ze gestalten an mat ze liewen.

Et gëtt aktuell nach keen Fokus wat den Spill Modus ubelaangt, mir maachen einfach alles wat Spaass mëscht, an wann s Du dech ugesprach fills an dëst och esou gesäis dann komm an maach einfach mat. Et kascht näischt ausser däin Game package.

Mir bidden verschidden Kommunikatiounsméiglechkeeten, wei zB een #Discord, eng #Websäit mat #Forum an Member accès, an dëst net nëmmen fir Star Citizen mais och aner Spiller. Dir sidd wëllkomm eis bäizetrieden, an vläit esou een Stéck Geschicht an dësem epeschen Spill mat ze schreiwen.

Manifesto

Zesummen staark.

Desto méi grouss an villsäiteg den MMO desto méi Méiglechkeeten gin et, dorausser ergëtt sech dat een just an enger Grupp kann wuessen an richteg virun kommen. Schëffer déi eng Crew brauchen fir gefouert ze gin, Industrien déi just duerch all eenzelen Member kennen grouss an kompetitiv gin, Kricher géint Piraten déi een net eleng gewannen kann, sou ass Unitéit wichteg fir am Star Citizen kennen weider ze kommen an och fir als Communotéit un der Villfalt vun all den Méiglechkeeten deel ze huelen.

All Eenzelen as wichteg.

Eng Communotéit, verschidden Leit mat verschiddenen Unsprëch, Idéeen an Gameplays. Eis Initiativ as et zesummen als Kollektiv déi verschidden Meenungen unzehuelen an ze organiséieren, esou dass een intressanten Gameplay mat enger gemeinsamer charte zustanen kennt, all eenzel Meenung as wichteg, genausou wichteg wei all eenzelen Beitrag den geleescht gëtt.

Zesummen fir jiddereen.

Zesummen kann een méi erreechen an den individuelle Gameplay fir jiddereen besser maachen. Et get verschidden Aufgaben, et ass jidderengem iwwerlooss wat en gären mécht. Den Kampfpilot kann kämpfen, den Industrie Begeeschterten dem Mining oder ausschluechten vun Schëffer nogoen, den Bounty hunter Krimineller afänken an den Geschäftsmann kann dem Trading nogoen, FPS Kampf fir Buedemtruppen oder Agenten déi Spionage bedreiwen alles an nach villes méi ass schonn méiglech, an et kennt nach villes dobäi. Doraus kann awer och eng intressant Zesummenaarbecht entstoen sou kann een engem Kolleeg an sengem individuellen Gameplay weiderhëllefen, Kampfpiloten kennen den Trader schützen beim Transport, d’Industrie generéiert déi Finanziell Mëttel fir den Kampfpilot ënnert Äerm ze gräifen fir Munitioun an Waffen ze kafen, den Verkaf vun Rohstoffer aus der Industrie séchert den Trader erëm mam Transport an rafinéierten Routen fir den Verkaf, an esou erkennt een wat eis Idée as, an dëst nëmmen als klengt Beispill wei déi Communotéit kéint funktionéieren, mais villäicht hues och Du eng Intressant Meenung zu all dem, wann jo maach mat, Du bass Wëllkomm!

Allianzen

GDB Corp ass och oppen fir Allianzen mat aneren Organisatiounen anzegoen fir esou kennen zesummen als méi eng grouss Unitéit op ze trieden. Wenns Du schonn eng Organisatioun hues an net onbedéngt wëlls innerhalb vun enger anerer Member gi, keen Problem konstruktiv Allianzgespréischer sinn ëmmer wëllkomm.

Charter

Protokoll Iwwersiicht

An dëser Potokolliwwersiicht deelen mir eis allgemeng Beschlëss mat. Beschlëss gi demokratesch innerhalb vun GDB Corp inklusiv mat eisen Allianzen geholl, decidéiert an a Form vun Protokoller hei verëffentlecht. Des Protokoller definéieren eis allgemeng Charta.

Allianzen Bericht

An dësem Beriicht deelen mir eis Allianzen mat. Den Beriicht ëmfaasst den Géigestand vun der Allianz an och den Kooperatiounsberäich.

  • Aktuell keng Allianzen agedroen.

NB: Mir sinn ëmmer un konstruktiven Allianzgespreischer intresséiert.
Kontaktéier eis hei: www.gdbcorp.org/